
No senge gudde Leeschtungen an der Gruppephas huet de Flavio Giannotte e Freideg an den 1/32-Finalle vun der Deegen-Kompetitioun kloer verluer. De Lëtzebuerger Champion huet sech misse mat 5:15 géint de Russ Nikita Glazkov geschloe ginn.
Domadder ass fir Lëtzebuerg d’WM am Fechten zu Budapest an Ungarn eriwwer.