
Um Samschdeg hat sech schonn ënnert anerem den F91 Diddeleng verdéngt mat 3:1 géint Titus Péiteng duerchgesat a bleift domadder weiderhin un der Tabellespëtzt.
Iwwerdeems ginn RTL-Informatiounen no den Trainer Vincent Hognon an d’Ekipp vum Swift Hesper nom 1:1 vun e Samschdeg géint Rouspert an Zukunft getrennte Weeër.
https://www.rtl.lu/sport/news/a/1789016.htmlUm Sonndeg de Mëtteg war et dunn d'Suite vum 6. Spilldag bei den Hären. Déifferdeng huet am Match géint Rodange spillbestëmmend ugefaangen an huet sech an der 5. Minutt duerch e Gol vum Cabral och direkt beloune kënnen. Dono ass d'Lokalekipp awer ëmmer besser an de Match komm an huet kuerz virun der Paus den Ausgläich geschoss (Ndiaye, 44'). An deenen zweete 45 Minutten huet Déifferdeng un déi staark Ufanksphas konnten uknäppen a konnt sech duerch dräi weider Goler belounen. Rodange verléiert mat 1:4.