LiichtathleetikKass gewënnt Cross Country viru Lallemang a Molitor

RTL Lëtzebuerg
De Fola-Athlet Christophe Kass gewënnt domat seng 2. Course fir dës Saison. Bei den Damme wënnt d'CSL-Athletin Margaux Bruls d'Course iwwer 4.910 Meter.
Däitlech Victoire fir de Christophe Kass
No knapps 8.000 Meter kann sech de Christophe Kaas kloer virum Max Lallemang duerchsetzen.

Den CA Fola huet um Sonndeg de 4. Cross Country vun der Saison organiséiert. De Gewënner vum 1. Cross de Bob Bertemes, sou wéi och de Gewënner vu leschter Woch, de Belsch Valère Hustin, stoungen um Sonndeg zu Esch net um Depart. Soumat sinn déi béid Fola-Athlete Max Lallemang a Christophe Kass als Favorit an d’Course iwwer 7.940 m gaangen.

An et waren dann och déi béid Fola-Athleten déi d’Course dominéiert hunn. No knapps 8.000 Meter setzt sech de Christophe Kass mat engem Virsprong vu 1 Minutt an 13 Sekonne viru sengem Team-Kolleeg Max Lallemang duerch. Mat engem Retard vun 2 Minutten an 39 Sekonne leeft de Celtic-Athlet Christian Molitor op déi 3. Plaz.

© Bernard Thill

Bei de Damme gewënnt d’Margaux Bruls vum CSL knapps 1 Minutt virun der Fola-Atheltin Anny Wolter an 2 Minutten an 18 Sekonne virun der Trilux-Leeferin Runa Egilsdottir.

PDF: D'Resultater vum Cross Country vum CA Fola

Back to Top
CIM LOGO