Military World GamesJulien Henx 5. iwwert 50 Meter Papillon

RTL Lëtzebuerg
Op de Military World Games, enger Zort Olympesch Spiller fir d'Arméi, ass de Julien Henx 5 Honnertstel iwwert sengem nationale Rekord bliwwen.
© RTL Archivbild

Gutt Resultat fir de Julien Henx bei de Military World Games. De Lëtzebuerger ass a China iwwer 50 Meter Papillon an der Finall dee 5. ginn. De Lëtzebuerger huet no 23 Sekonnen a 96 Honnertstel ugeschloen, domadder bleift hien nëmme 5 Honnertstel iwwert sengem nationale Rekord.

De Julien Henx hat sech e Sonndeg de Moien als 5. an de Virleef fir d’Finall qualifizéiert. Hie war eng Zäit vu 24 Sekonnen a 27 Honnertstel geschwommen.

Wéinst enger Erkältung ass fir de Raphaël Stacchiotti iwwer 200m 4 Nages nëmmen eng Zäit vun 2 Minutten, 9 Sekonnen a 27 Honnertstel an déi 12. Plaz erausgesprongen. De Lëtzebuerger wäert a China u kenge weidere Competitioune méi deelhuelen, dat aus Récksiicht op seng Gesondheet.

RTL NEWS: 16 Lëtzebuerger si bei der 7. Editioun a China mat dobäi

Back to Top
CIM LOGO