SchwammenJulie Meynen verbessert nationale Rekord iwwer 50 Meter Crawl

RTL Lëtzebuerg
A 25,08 Sekonnen huet déi 21 Joer jonk Schwëmmerin hiren nationale Rekord aus dem Joer 2016 ëm 4 Honnertstel verbessert.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Bei der US-amerikanescher pro Swim Serie zu Clovis huet d’Julie Meynen an der Nuecht op e Samschdeg iwwer 50 Meter Crawl een neien nationale Rekord iwwer 50 Crawl realiséiert. Déi 21 Joer jonk Lëtzebuergerin huet no 25,08 Sekonnen ugeschloen an hir Beschtzäit vun den Olympesche Spiller 2016 ëm 4 Honnertstel verbessert. Mat dëser Zäit ass d’Meynen op déi zweete Plaz komm. Gewonnen huet d’Catie Deloof mat 24,99 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO