SchwammenJulie Meynen verbessert de Lëtzebuerger Rekord iwwer 100m Crawl

RTL Lëtzebuerg
No hirem neie Lëtzebuerger Rekord iwwer 50 Meter Crawl e Samschdeg huet d'Julie Meynen um Sonndeg och deen iwwer 100 Meter Crawl verbessert.
© Archiv

Bei de Pro Swim Meetings zu Clovis an den USA huet d’Julie Meynen och um leschten Dag hir excellent Form ënner Beweis gestallt. An der Finall iwwer 100 Meter Crawl ass d’Lëtzebuergerin fir d’éischte Kéier ënner 55 Sekonne bliwwen an dat mat 54 Sekonnen an 63 Honnertstel. Mat dëser Zäit ass et déi 3. Plaz.

Dëst bedeit och een neie Lëtzebuerger Rekord, et ass eng Verbesserung vu 46 Honnertstel. Deen ale Rekord hat d’Meynen bei den Olympesche Spiller zu Rio realiséiert.

Back to Top
CIM LOGO