
Nodeems de Lëtzebuerger Champion Jonglënster sech en Dënschdeg mat 0:5 géint Papa’s Court aus der Ukrain huet misse geschloe ginn, war och e Mëttwoch géint ee vun de ganz grousse Favoritten, de BC Chambly Oise, kee Kraut gewuess. D’Lokalekipp verléiert nämlech och dëse Match mat 0:5 a konnt net emol een eenzege Saz gewannen. Domat stinn d’Lëtzebuerger als Tabelleleschte fest.
D’European Club Championships daueren nach bis e Samschdeg, wou um 14 Auer d’Finall programméiert ass.