Biathlon-WeltcupJohannes Thingnes Bö a Tiril Eckhoff dominéieren de Massestart

RTL Lëtzebuerg
Souwuel de Bö wéi och d'Eckhoff hunn hiren Konkurrenten keng Chance gelooss a gewannen mat groussem Ofstand de Massestart zu Le Grand Bornand a Frankräich.
© AFP (ARCHIV)

Um Sonndeg de Mëtteg stoung zu Annency Le Grand Bornand a Frankräich de Biathlon-Massestart bei de Hären a Dammen um Programm. D’Hären hunn d’Schi fir d’éischt ugedoen.

Virun 10.000 Spectateure bei staarke Reen a keng einfache Bedingunge fir d’Sportler war eng weider Demonstratioun vum Norweger Johannes Thingnes Bö, dee de Massestart bei den Hären iwwerleeë gewonnen huet. Op Plazen 2 a 3 kommen de Fransous Emilien Jacquelin a de Norweger Tarje Bö.

Bei den Dammen huet sech wéi och bei den Hären Gewënnerin vun der Verfolgung och de Massestart geséchert. D’Tiril Eckhoff war de ganze Weekend iwwer mat Ofstand déi stäerksten Athletin. Sie louch am Zil 1 Minutt a 24 Sekonnen virun der Italienerin Dorothea Wierer. Op Plaz 3 fiert d’Schwedin Linn Persson.

Back to Top
CIM LOGO