
De Johannes Thingnes Boe konnt op en Neits seng Stäerkte beweisen an huet elo all Grond fir ze feieren. Fir déi éischte Kéier gewënnt ee Fuerer seng 15. Course an enger Saison, dat ass et bis elo nach net ginn. Säi Brudder kënnt dobäi mat engem Réckstand vun 13.90 Sekonnen op déi 2. Plaz. Déi 3. Plaz an der Verfolgung iwwer 12,5 Kilometer konnt sech den Arnd Peiffer aus Däitschland sécheren.