Um FindelJenny Warling gouf no EM-Titel vu Frënn a Famill empfaangen

RTL Lëtzebuerg
Och Vertrieder vun der FLAM , dem Walfer Karaté Club, der Walfer Gemeng an de Sportsminister Dan Kersch hunn déi 25 Joer al COSL-Athletin begréisst.
VIDEO: Jenny Warling gouf no EM-Titel vu Frënn a Famill empfaangen
Och Vertrieder vun der FLAM , dem Walfer Karaté Club, der Walfer Gemeng an de Sportsminister Dan Kersch hunn déi 25 Joer al COSL-Athletin begréisst.

Nodeems d’Jenny Warling de Samschden a Spuenien als éischte Karateka aus dem Grand-Duché den Europameeschtertitel gewonnen huet, ass déi fréier Sportlerin vum Joer zanter Méinden Owend erëm zu Lëtzebuerg.

De Fliger aus Madrid ass um 22.15 Auer um Findel gelant a ronn 25 Minutten méi spéit ass d’Jenny Warling vun Frënn a Famill empfaange ginn.

Vertrieder vun der FLAM , dem Walfer Karaté Club, der Walfer Gemeng an de Sportsminister Dan Kersch hunn déi 25 Joer al COSL-Athletin begréisst an hir Blummen iwwerreecht.

© Tim Hensgen

Den nächste groussen Héichpunkt fir d’Jenny Warling sinn d’Europaspiller am Juni. Mat engem gudde Resultat zu Minsk wieren d’Chance fir eng Qualifikatioun fir d’olympesch Spiller nach realistesch.

Karate-EM: Jenny Warling gewënnt Gold

VIDEO: Karate-EM 2019
Erlieft dem Jenny Warling seng Finall nach emol ganz mat.

Back to Top
CIM LOGO