Karate: K1 Premier League TokyoJenny Warling erkämpft sech gutt 5. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Beim K1 Premier League Tournoi zu Tokyo a Japan an der Kategorie bis 55 Kilogramm op déi gutt 5. Plaz komm.
© RTL Archiv

Den 1. Tour hat d’Lëtzebuerger Karateka ee Fräilous. Am 2. Tour stoung him d’Japanerin Fumika Ishiai (WKF Ranking: 25) géigeniwwer, dat an hirem 1. Tour déi aktuell afrikanesch Championne Khawla Ouhammad (WKF Ranking: 27) geklappt huet.

Am 3. Tour ass d’Jenny Warling eng drëtte Kéier fir dëst Joer géint déi aktuell Weltmeeschterin aus Polen Dorota Banaszcyik (WKF Ranking: 6) ugetrueden. D’Lëtzebuergerin konnt sech och hei mat 4:3 behaapten.

An der Véirelsfinall koum et zum Duell mam Sabrina Ouihaddadene (WKF Ranking: 14) aus Frankräich. Um Enn konnt d’Jenny Warling och hei mat enger exzellenter Leeschtung iwwerzeegen an huet de Kampf schliisslech mat 3:0 fir sech entscheet.

An der Halleffinall huet der Lëtzebuergerin hir Géignerin Abzgekuja Terkiuga aus der Ukrain an aktuell Nummer 1 op der Welt geheescht. No 3 Minutte stoung et nach ëmmer 0:0 an d’Arbitteren hunn zu Gonschte vun der Ukrainerin entscheet.

D’Jenny Warling war awer domat fir de Match ëm d’Bronzemedail qualifizéiert, deen e Sonndeg ausgedroe gouf. Hei huet d’Lëtzebuergerin sech awer missen am Kampf ëm Bronze knapp mat 1:2 géint d’Lokalmatadorin aus Japan Shiori Najamura (WKF Ranking: 8) geschloe ginn

D’Lëtzebuergerin (WKF Ranking: 21) huet dës Saison deemno gutt ugefaangen a konnt sech mat dëser exzellenter 5. Plaz wäertvoll Punkte fir Olympia sécheren.

Back to Top
CIM LOGO