
Iwwert d’Haaptdistanz vun 19,5 km konnt sech bei den Hären den Hugo Ralet an enger Zäit vun 1 Stonn 26 Minutten an 23 Sekonnen virum Michel Bessing a Gauthier Boclinville duerchsetzen. Bei den Dammen war et d’Diane Heuertz vum Celtic Diekirch dat virum Jackie Mores a Sani Lenoir triumphéieren.
Op den 10 km konnt sech bei den Hären de Laurent Reichling an bei den Dammen d’Claudine Weicherding duerchsetzen.
Am ganzen waren 290 Leefer a Leeferinnen um Samschdeg um Départ a konnten e flotte Parcours duerch d’Gemeng Klierf méi oder manner genéissen.