BiathlonHerrmann setzt sech a Slowenien duerch

RTL Lëtzebuerg
59,2 Sekonnen hat d'Denise Herrmann aus Däitschland Virsprong op hir Matkonkurrentinnen.
© AFP

Beim Eenzelstart zu Pokljuka a Slowenien hat déi däitsch Biathletin e ganz gudden Dag erwëscht. Ouni Feeler konnt si déi 15 Kilometer an 41 Minutten, 33 Sekonnen a 4 Honnertstel hannert sech bréngen.

Op d’Plaz 2 kënnt, mat engem Feeler an engem Retard vun 59,2 Sekonnen, d’Hanna Öberg aus Schweden, d’Plaz 3 ass fir d’Anïs Bescond aus Frankräich.

Am Weltcup stinn nach d’Italienerinnen Dorothea Wierer (haut 23.) an d’Lisa Vittozzi (haut 4.) un der Spëtzt. D’Denise Herrmann an d’Hanna Öberg sinn an der Top 10.

Back to Top
CIM LOGO