Triathlon WeltcupHaller, Zachäus a Payet packen et an d'Finall zu Tiszaujvaros

RTL Lëtzebuerg
Op der Sprintdistanz hu sech déi dräi Lëtzebuerger Athleten fir d'Finall beim Triathlon Weltcup an Ungarn qualifizéiert.
© Viviane Sloniewicz

An der Sprintdistanz stoungen e Samschdeg d’Halleffinallen iwwer 500 Meter am Schwammen, 13 Kilometer am Vëlo an 3,3 Kilometer am Lafen um Programm.

De Bob Haller huet sech a senger Halleffinall als 7. klasséiert an et domat an d’Finall gepackt. An der zweeter Halleffinall ass de Stefan Zachäus als 1. iwwert d’Zillinn gelaf, de Gregor Payet huet et op déi 9. Plaz gepackt. Domadder hunn och sie den Ticket fir d’Finall geléist.

Back to Top
CIM LOGO