VIDEO: Schwammen: CIJ-MeetGutt Resultater vun de Lëtzebuerger Nowuessschwëmmer

RTL Lëtzebuerg
Erausgestach huet d'Leeschtung vum Lena Peters, déi sech fir Jugend-Europameeschterschaft konnt qualifizéieren.
CIJ-Meet: Gutt Resultater vu Lëtzebuerger Nowuessschwëmmer
Erausgestach huet d’Leeschtung vum Lena Peters, déi sech fir Jugend-Europameeschterschaft konnt qualifizéieren.

Den CIJ-Meet ass sécherlech vum Format hier net sou grouss opgezu wéi een Euro Meet, an awer ass et ëmmer ee flotte Rendez-vous, fir d’Lëtzebuerger Nowuessschwëmmer sech mat auslännescher Konkurrenz ze moossen an déi aktuell Form ënnert Beweis ze stellen.

De Crawl-Spezialist Remi Fabiani konnt e Samschdeg de Mëtteg an der Finall iwwer 400 Meter Crawl seng perséinlech Beschtzäit ëm 5 Sekonne verbesseren. An der selwechter Course gëtt de Stephan Vanderschrick den 2., de Podium completéiert de Jacques Schmitz.

Bei den Damme war d’Neele Albers um Depart an der Finall iwwer 100 Meter Brasse. Déi 14 Joer jonk Schwëmmerin realiséiert um Enn och eng nei perséinlech Beschtzäit an huet sech just vun enger Däitscher Schwëmmerin misse geschloe ginn.

Iwwer 100 Meter Brasse gouf et dann och nach eng Victoire vum Yann Van de Bosche vum Swimming Lëtzebuerg. Den 18 Joer jonke Schwëmmer konnt an enger 1 Minutt 5 Sekonnen an 89 Honnertstel eng nei perséinlech Beschtzäit opstellen.

An der Finall iwwer 200 Meter Réck konnt d’Jacky Banky sech um Enn souverän virun der Konkurrenz duerchsetzen. Fir d’Studentin läit de Fokus dann och schonn op der Preparatioun fir d’Spiller vun de klenge Länner Enn Mee am Montenegro.

Den Highlight vum Dag war awer sécherlech d’Qualifikatioun vum Lena Peters fir Jugend-Europameeschterschaft dëse Summer zu Kazan a Russland. Déi 14 Joer jonk Athletin vum Diddelenger Schwammveräi konnt sech e Samschdeg de Mëtteg op impressionnant Manéier an 2 Minutte 24 Sekonnen an 42 Honnertstel behaapten. Domadder bleift déi jonk Schwëmmerin knapp 1 Sekonn ënnert deem gefuerderte Minima fir d’Jugend-EM.

Deemno ee ganz positive Bilan vun de Lëtzebuerger Schwëmmer beim CIJ Meet.

Back to Top
CIM LOGO