
Beim Triathlon-Weltcup zu Chengdu a China huet sech de Gregor Payet um Sonndeg iwwert d’Sprint-Distanz mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 14 Sekonnen als 26. klasséiert. Fir de Bob Haller war et déi 27. Plaz op 1 Minutt an 19 Sekonnen. D’Victoire war fir de Matthew Hauser aus Australien.
Déi zwee Lëtzebuerger hate sech um Samschdeg fir d’A-Finall qualifizéiert.