
Direkt um 1. Dag vun der Sportkeele-Weltmeeschterschaft konnt sech d’Lëtzebuerger Mixed-Ekipp d’Goldmedail sécheren.
De President vun der Sportsektioun Sacha André huet dat Resultat iwwerrascht.
Och bei deenen zwee Spiller Chris Fuchs a Mandy Parracho war d’Freed iwwert d’Goldmedail ganz grouss. Si konnten et kuerz no der Kompetitioun kaum gleewen, datt ee sech de Weltmeeschtertitel konnt sécheren.
Nom éischte vun am ganzen dräi Bléck konnte béid Lëtzebuerger Gilles Mores (867 Holz) a Mandy Parracho (874 Holz) sech eng kleng Avance vu 6 Holz géintiwwer der favoriséierten Däitschen erausspillen.
Am zweete konnten d’Doris Melo (769 Holz) an de Chris Fuchs (868 Holz) 1637 Holz dropleeën. Et war eng gutt Ausgankssituatioun, mee et huet ee missten ofwaarde wéi déi däitsch an déi brasilianesch Ekippe sech géifen aus der Affär zéien.
An et gouf, wéi erwaart, ganz spannend.
Déi brasilianesch Ekipp huet schonn an der Halschent vum Duerchgang misse lassloossen an d’A goufen op déi däitsch Koppel geriicht, déi net gutt gestart ass. Och am Laf vum Duerchgang hu si sech schwéier gedoen, d’Zuel vun de Roude Léiwen ofzefänken.
Um Enn konnt d’Ekipp mam Mandy Parracho, Doris Melo, Chris Fuchs a Gilles Mores sech an dëser neier Disziplin, déi fir d’éischt bei enger Weltmeeschterschaft gespillt gouf, d’Goldmedail sécheren.
D’Zuel vun 3.378 Holz ass och gläichzäiteg Weltrekord.
Vill Zäit fir ze feiere gëtt et awer net. E Samschdeg de Moien um 10 Auer fänkt d’Ekippekompetitioun un.