A mat dobäi sinn déi Bescht aus Europa. Eenzeler hunn eréischt d’lescht Woch d‘Goldmedail bei de European Games gewonnen. Zënter en Dënschdeg ass de sportlechen Deel am Gaang an e Méindeg war d’Ouvertureszeremonie vun de European Club Championships am Badminton.
Et war eng ofwiesslungsräich Zeremonie, déi a knapp enger Stonn eriwwer war. Multikulturell, kuerzweileg an deels spektakulär waren d‘Opféierungen, déi den Organisatiounscomité op d’Bee gestallt hat.
No der Usprooch vum Lënster Schäffe Gilles Baum huet d’Françoise Hetto-Gaasch d’Ekippen opgeruff, déi un den European Club Championships deelhuelen.
Ouni de Support vun der Gemeng wier d’Stemme vun esou enger Organisatioun nëmme schwéier méiglech. Den Organisateur huet sech dann och genuch afale gelooss, fir Leit an de Centre Gaston Stein ze lackelen. Dorënner eng Players Night, wou och de Grand Public dierf matfeieren.
13 Ekippe sinn zu Lënster ugemellt. D’Favoritte sinn ouni Zweiwel den Titelverdeedeger Vladivostok aus Russland an den Challenger Chambly aus Frankräich.
Leschtgenannten ass an d’Grupp mam BC Jonglënster geloust ginn, déi hiren éischte Match en Dënschdeg um 18 Auer géint Papa’s Court aus der Ukrain gespillt hunn. D’Ukrainer hunn de Match vu vir aus un dominéiert an hunn an den éischten 2 Jeuxen kee Saz ofginn. Dono konnten d’Lëtzebuerger dann all Kéiers wuel e Saz gewannen, de Jeux ass awer un d’Ukrainer gaangen, esou datt si sech hie mat 5:0 konnten duerchsetzen.
Den zweete Lëtzebuerger Vertrieder, de Fiederball Schëffleng hat mat de Géigner aus Lettland an dem BC Mailand aus Italien déi méi einfach Auslousung erwëscht. Direkt am éischte Match konnt de Frédéric Gaspard weisen, datt de Lëtzebuerger Badminton seng Plaz op dëse European Club Championships verdéngt huet. Mat 21:12 an 21:7 huet hien de Lett Lauris Roberts deklasséiert. Zum Schluss stoung et dann 5:0 fir déi Schëfflenger.
En intressante Match aus Lëtzebuerger Siicht ass e Mëttwoch den Owend, wa Jonglënster géint Chambly untrëtt. Fir d’Fransouse spillt ëmmerhin den frëschgebaakte zweefache European-Games-Goldmedailegewënner Marcus Ellis.
D’European Club Championships daueren nach bis e Samschdeg, wou um 14 Auer d’Finall programméiert ass.