
Um Samschdeg de Mëtteg stoung beim Biathlon-Weltcup zu Ruhpolding an Däitschland d’Häre-Staffel um Programm. Déi franséisch Staffel huet virun allem um Schéissstand eng ganz gutt Leeschtung gewisen, sou dass dës Victoire méi wéi verdéngt ass. Op déi 2. Plaz mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 12 Sekonne lafen d’Hären aus Norwegen. Mat um Podium steet mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 24 Sekonnen och nach Éisträich.
Damme-Staffel war iwwerdeems schonns e Freideg. Hei konnt sech Norwegen viru Frankräich an der Schwäiz déi 1. Plaz sécheren.