Wéinst BlessurenFir de Charel Grethen ass d'Saison 2019 eriwwer

RTL Lëtzebuerg
Ewéi de Charel Grethen e Mëttwoch op Facebook geschriwwen huet, ass d'Saison fir hie gelaf.
© pressphoto Archiv

De Lëtzebuerger Liichtathlet huet sech dofir entscheet, sech operéieren ze loossen, fir eng Blessur un der Haglund-Fers behandelen ze loossen. D’Haglund-Fers huet sech nämlech deforméiert an doduerch koum eng Entzündung. Weider gëtt eng Blessur un der Achillesseen behandelt.

De Charel Grethen schleeft d’Péng schonns zanter Enn 2017 mat sech ronderëm. D’Péng si mat der Zäit awer ëmmer méi schlëmm ginn an dofir huet hie sech entscheet, sech operéieren ze loossen, fir ouni Péng an d’Saison 2020 goen ze kënnen.

Back to Top
CIM LOGO