
Bei der Äishockey-WM a Slowenien kënnt et e Sonndeg an der Finall zum Duell tëscht Finnland a Kanada.
An den Halleffinallen huet sech e Samschdeg Finnland duerch e Gol vum Antilla am drëtte Drëttel mat 1:0 géint Russland behaapt. An der zweeter Partie war et méi eng kloer Affär. Hei huet sech Kanada duerch Goler vum Stone am éischten Drëttel, dem Nurse an dem Dubois am zweeten Drëttel an dem Turris an dem Chabot am drëtten Drëttel mat 5:1 géint Tschechien duerchgesat. Fir Tschechen huet den Zaharna am leschten Drëttel markéiert.