
Um Sonndeg war d’Eva Daniëls zu Pontevedra a Spuenien gefuerdert. Bei de Juniorinne stounge 5 Kilometer Lafen, 20 Kilometer Vëlo an zum Ofschloss nach eng Kéier 2,5 Kilometer Lafen um Programm.
Bei der Victoire vum Sclabas Delia aus der Schwäiz koum d’Lëtzebuerger Sportlerin um Enn denkbar knapp op déi véierte Plaz, dëst mat engem Retard vu nëmme 24 Sekonnen op d’Spuenierin Laura Duran Morote. Zweet gouf d’Costanza Arpinelli aus Italien.
Fir d’Eva Daniëls war et awer trotzdem ee gudden Optrëtt bei de Juniorinne bei der Weltmeeschterschaft am Duathlon.