
Dobäi hat fir déi jonk Lëtzebuergerin de Start vun der Kompetitioun villverspriechend ausgesinn. Si ass mat de Favoritten no dem Schwammen aus dem Waasser geklommen a konnt duerno um Vëlo och den Uschloss halen, ma eng Chute an ee Blockéieren vun der Vëlosketten hunn der Eva Daniëls awer ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach.
D’Lëtzebuergerin huet awer weider op d’Zänn gebass a konnt am Feld nees erukommen. Um Enn ass fir d’Eva Daniëls eng anstänneg 27. Plaz ënnert 54 Matstreiderinnen bei hirer éischter Kompetitioun bei der Elite erausgesprongen - eng Leeschtung, op déi si opbaue kann.
Den nächste Rendez vous ass den 21. Juli bei enger Epreuve an der 1. Bundesliga zu Tüblingen.