Triathlon: Coupe d'EuropeEva Daniëls bei de Juniorinnen op der gudder 8. Plaz

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war zu Melilla a Spunien eng Manche vun der Coupe d'Europe fir Junioren. Um Programm stounge 750m Schwammen, 20km Vëlofueren a 5km Lafen.
© FLTRI

Fir d’Eva Daniëls war et bei den Juniorinnen um Enn déi 8. Plaz. D’Lëtzebuergerin hat e Retard vun 1 Minutt an 27 Sekonnen op d’Italienerin Costanza Arpinelli.

Bei de Junioren ass den Tom Carré, deen nach Cadets ass, de 25. ginn. Hien hat e Retard vu ronn 5 Minutten op de Gewënner Alessio Crociani aus Italien.

Back to Top
CIM LOGO