
Et ass an Tëschenzäit schonns déi 4. Editioun vum Ultratrail am Mëllerdall, d’Kinneksdisziplin geet iwwer 112 Kilometer. U sech stellt de Parcours sech schonns bal vum selwen zesummen, sou d’Simone Kaiser vun der Organisatioun.
Donieft ginn et och Courssen iwwer 15, 39 a 75 Kilometer. Nieft der schéiner Natur am Mëllerdall ass et fir d’Sportler och interessant, datt et sougenannten ITRA-Punkte ginn, déi een ënnert anerem fir de legendären Ultratrail du Mont Blanc brauch.
D’Iddi, fir am Mëllerdall esou een Trail ze organiséieren, ass virun e puer Joren entstanen, sou d’Simone Kaiser. Den Erfolleg gëtt den Organisateuren Recht, net manner wéi 1.100 Leit hu sech fir déi verschidden Distanzen ageschriwwen.
An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg ass um 5 Minutten op 12 de Start vum Ultratrail zu Iechternach.