Nodeem d'Häre vum Gréngewald sech am éischte Barragematch mat 79:76 zu Munneref konnten duerchsetzen, gouf et am ""Best of three" och am zweete Match eng knapp 71:62-Victoire doheem. Domadder gouf d'Zil vun der Ekipp aus dem Gréngewald erreecht. Hir Häre bleiwen och déi nächst Saison éischtklasseg.
D'Damme konnte sech dës Saison iwwer zwee Titele freeën. Am Championnat huet ee sech an der Finall géint den T71 Diddeleng behaapt. An der Finall vun der Coupe huet een d'Sparta vu Bartreng geklappt.