Zu WienEliud Kipchoge leeft Marathon-Distanz an ënner 2 Stonnen

RTL Lëtzebuerg
De Kenianer huet d'Marathon-Distanz vun 42,195 Kilometer an 1 Stonn 59 Minutten a 40 Sekonnen hannert sech bruecht.
Eliud Kipchoge leeft Marathon ënner 2 Stonnen
De Kenianer huet fir déi 42 Kilometer zu Wien 1 Stonn, 59 Minutten a 40 Sekonne gebraucht. Domadder huet de Kipchoge eng vun de Schallmaueren duerchbrach.

Den Eliud Kipchoge huet um Samschdeg zu Wien de Versuch gestart, d’Marathon-Distanz vun 42,195 Kilometer an ënner zwou Stonnen ze lafen.

Dat ass dem 34 Joer ale Kenianer an Olympia-Gewënner och mat enger Zäit vun 1 Stonn 59 Minutten a 40 Sekonne gelongen. Domat ass hien deen éischte Mënsch, deen d’Marathon-Distanz an ënner zwou Stonne gelaf ass.

Well d’Course awer ganz duerchorganiséiert a geplangt war, zielt et net als neie Weltrekord.

Et war also keen „normale“ Marathon, mä een ënner optimale Lounkonditiounen. 40 Huesen hunn en ënnerstëtzt, fir datt de Kipchoge ëmmer konnt am Wandschiet lafen. De Wee ass zum Beispill reegelméisseg gekiert ginn. Alles war am Detail geplangt.

Zeg Milliounen Euro huet deen Event kascht. De Chimieskonzern Ineos huet gesponsert.

Virun zwee Joer haten dem Marathonstar bei engem ähnleche Versuch zu Monza op der Rennpist 26 Sekonne gefeelt, fir déi zwou Stonnen ze knacken.

De Kipchoge wollt Geschicht schreiwen, wéi hie sot. Als Éischten ënner zwou Stonne ze lafe wär wéi d’Moundlandung!

Op RTL TODAY: “The marathon: five milestones of a legendary race”

Back to Top
CIM LOGO