
Op der 5. Descente vun der Saison sinn d’Dammen e Samschdeg de Moien zu Bansko a Bulgarien un den Depart gaangen. Mat enger Zäit vun 1:29.31 konnt d’Elena Curtoni aus Italien d’Course zu Bansko fir sech entscheeden an domat hir éischt Weltcup-Victoire iwwerhaapt feieren.
Mat engem Retard vu just 0.10 Sekonnen huet et d’Marta Bassino et op déi zweet Plaz gepackt, virum Federica Brignone, dat mat engem Retard vun 0.14 Sekonnen op déi drëtt Plaz gefuer ass.