Emotioune puerDe Réckbléck op d'Sportjoer 2019 + eise Sport-Bêtisier :-)

RTL Lëtzebuerg
D'Sportjoer 2019 geet op en Enn an no der Tëlee den 22. Dezember gouf um Sonndeg och um Radio de Bilan gezunn.
© RTL-Grafik

D’Sportjoer 2019 war markéiert vu ville sportlechen Exploiten an emotionale Momenter. Vu Futtball iwwer d’Liichtathletik an de Karate bis bei de Vëlo - a ville Beräicher konnten d’Lëtzebuerger Sportler a Sportlerinnen iwwerzeegen.

Um Sonndeg de Mëtteg huet de Radio op d’Héichpunkten zeréckgekuckt. Op der Tëlee war dee grousse Réckbléck schonn den 22. Dezember. Den Tom Flammang huet hei mat den Invitéë Christine Majerus, Jenny Warling a Bob Bertemes zeréckgekuckt.

De Réckbléck op d'Sportjoer 2019
Den Tom Flammang huet mam Jenny Warling, dem Bob Bertemes an dem Christine Majerus zeréck op déi lescht Méint an och no vir op 2020 gekuckt.

Merci fir ee flott Sportjoer 2019 an op alles dat wat 2020 op eis duerkënnt.

Virop de Sport-Bêtisier

Sport-Bêtisier 2019

Am Laf vum Joer ass och net ëmmer alles riicht gelaf. Wat op der Antenn net esou geklongen huet, wéi et hätt sollen: Verspriecher, Laachattacken oder Texter, déi dernieft goungen.

Europaspiller Minsk

Sportretro 2019: JPEE / Reportage Lynn Kayser

Op der 2. Editioun vun den Europaspiller zu Minsk, koum d’Lëtzebuerger Delegatioun mat enger Sëlwermedail vum Gilles Seywert am Bouschéisse mam Compound, an 2 Bronzemedaile vun der Karateka Jenny Warling a vun der Dëschtennisspillerin Ni Xia Lian nees heem. D’Ni huet an der wäissrussescher Haaptstad och d’Qualifikatioun fir d’Olympesch Summerspiller d’nächst Joer zu Tokyo gepackt.

Spiller vun de klenge Länner

Sportretro 2019: JPEE / Reportage Lynn Kayser

No San Marino stoung d’Lëtzebuerger Delegatioun bei de Spiller vun de klenge Länner och 2019 a Montenegro nees op der éischter Plaz am Medailespigel. 26 Mol Gold, 27 Mol Sëlwer an 23 Mol Bronz ass um Enn erausgesprongen. D’Schwëmmer hu wéi gewinnt déi meeschte Medaile mat heem bruecht, bei den Ekippesportaarte konnten d’Basket-Häre vu sech schwätzen doen an an der Liichtathletik war d’Vera Hoffmann déi erfollegräichst Sportlerin.

Liichtathletik

Sportretro 2019: Liichtathletik Jana Peters

An der Liichtathletik huet ee Mann dëst Joer Geschicht geschriwwen an dat ass keen aneren ewéi de Kenianer Eliud Kipchoge, deen déi magesch Grenz vun 2 Stonnen um Marathon gebrach huet.

National hu sech den Tom Habscheid grad ewéi de Bob Bertemes an d’Weltspëtzt gestouss. Den Tom Habscheid ass am Bommstoussen a senger Kategorie zu Dubai net nëmme Vize-Weltmeeschter ginn, mä huet och een neie Weltrekord opgestallt. De Bob Bertemes huet am August mat 22 Meter an 22 Zentimeter en neien nationale Rekord opgestallt a sech domat op Plaz 8 am Weltranking 2019 gestouss.

Traureg Nouvellë goufen et dëst Joer duerch den Doud vum Pol Wester an dem Mathis Mellina.

De Bob Bertemes
De Bob Bertemes

Futtball

Nationalekipp

Sportretro 2019: Futtball-Nationalekipp / R. Franky Hippert


Déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp huet 2019 an 11 Matcher 1 Mol gewonnen, 2 Mol gläichgespillt an 8 Mol verluer. An der EM-Qualifikatioun koume 4 Punkten dobäi eraus. Et war awer sécherlech méi dran.

Championnat a Coupe

Sportretro 2019: Nationale Futtball / Reportage Serge Olmo

Am Championnat an an der Coupe huet dëst Joer kee Wee laanscht den F91 Diddeleng gefouert. Bei den Dammen huet sech Beetebuerg de Championstitel geséchert an de Racing d’Coupe.

F91 an d’Europa League

Sportretro 2019: F91 Diddeleng EL / Reportage Gilles Tricca

Den F91 Diddeleng war och dëst Joer nees op der internationaler Bün ënnerwee a grad wéi d’lescht Joer huet den Doublégewënner et bis an d’Gruppephas vun der Europa League gepackt. Den F91 huet am éischte Match sech op Zypern mat 4:3 géint Nikosia duerchgesat an domat eng Première realiséiert an zwar, datt eng Lëtzebuerger Ekipp eng Victoire an der Gruppephas konnt feieren. Am leschte Match koum nach duerch een 1:1-Remis am Aserbaidschan 1 Punkt dobäi.

Den F91 Diddeleng
Den F91 Diddeleng

Cyclissem

Sportretro 2019: Cyclissem / Reportage Rich Simon

An de leschte Joren huet de Cyclissem d’Sportsaktualitéit ëmmer dominéiert. Dëst Joer war dat allerdéngs e bësse manner. Fir de Bob Jungels hat d’Saison gutt ugefaangen. An den éischte Méint huet eng Etapp am Tour duerch Kolumbien an dunn de Semi Klassiker Kuurne-Bréissel-Kuurne gewonnen. Et koumen och nach e puer Éiereplazen dobäi. 3. beim Dwars door Vlaanderen an och nach eng 8. Plaz bei Paris-Nice. Den Héichpunkt sollt den Giro ginn. Awer hei huet ee relativ séier gesinn, dass hien net mat deene Beschte konnt mathalen. Um Enn ass eng 33. Plaz erausgesprongen.

Ee richtegen Highlight gouf et nach emol um Enn vun der Saison. An dat duerch d’Christine Majerus. D’Lëtzebuerger Championne huet et nämlech fäerdeg bruecht d’Boels Ladies Tour ze gewannen. Et war déi éischte Weltcup-Course fir d’Christine Majerus.

Gutt Resultater koumen awer och aus dem Mountainbike. An dat vum Sören Nissen, dee bei verschiddene Marathon-Courssen Topp-Resultater realiséiert huet.

Handball

Sportretro 2019: Handball / Reportage Serge Olmo

Am Handball war 2019 och nees esou munches lass. Op internationalem Plang gouf Holland Weltmeeschter bei den Dammen a Frankräich hat sech Ufank vum Joer bei den Hären den Titel geséchert. D’Lëtzebuerger Nationalekipp bei den Hären huet an der Pre-Qualifikatioun fir d’EM een Tournoi Sans-Faute gemaach an d’Dammen-Nationalekipp huet fir d’éischte Kéier un enger offizielle Kompetitioun deelgeholl.

Hei am Land hunn zwou Ekippen der Saison de Stempel opgedréckt. Bei den Hären huet den HB Esch a bei den Dammen den HC Käerjeng den Doublé realiséiert.

Basket

Sportretro 2019: Basketball / Reportage Guy Seyler

Am Basket koum 2019 e Wiessel. Nodeems Steesel 2 Joer laang esou wuel bei den Damme wéi och bei den Hären alles ofgeraumt hat, war d’Etzella 2019 déi dominant Ekipp. Bei den Hären huet d’Ekipp vum Kresimir Basic den Doublé realiséiert. Bei den Damme huet sech no engem richtege Krimi de Gréngewald an der Overtime de Championstitel gewonnen. D’Coupe war fir Steesel.

Dëschtennis

Sportretro 2019: Dëschtennis / Reportage Erny Decker

Am Dëschtennis huet 2019 Diddeleng nees den Doublé realiséiert. Fir de Gilles Michely a Co war et dee 7. Championstitel noneen.

Am Eenzel huet d’Sarah de Nutte hiren Titel verdeedegt an de Christian Kill konnt sech iwwert de Championstitel bei den Häre freeën.

Volleyball

Sportretro 2019: Volleyball / Reportage Marc Burelbach

Am nationale Volleyball huet bei den Dammen d’Residence Walfer eng weider Kéier souwuel am Championnat ewéi och an der Coupe dominéiert an e weideren Doublé gefeiert. Bäi den Häre war d’Saison méi equilibréiert. Mat der Coupe de Luxembourg konnt sech de VC Stroossen e weideren Titel sécheren. Am Championnat konnt de CHEV Dikrech d’Finall géint de VC Fenteng fir sech decidéieren.

Op internationalem Plang hunn d’FLVB-Hären déi zwee Matcher an der Europameeschterschaftsqualifikatioun géint den Aserbaidschan a Griicheland Ufank Januar verluer. D’Dammen hunn hirersäits an der Small Countries Association dominéiert a géint Grönland, Nordirland, d’Färöer Inselen a Schottland, d’Goldmedail gewonnen.

Schwammen

Sportretro 2019: Schwammen / Reportage Fränz Schneiders

De Raphaël Stacchiotti huet laang a vill dofir geschafft. 2019 huet et geklappt an de Lëtzebuerger ass bei der WM zu Gwangju a Südkorea iwwer 200 Meter 4Nages ënnert der Schallmauer vun 2 Minutte bliwwen an huet sech fir d’Olympesch Spiller 2020 zu Tokyo qualifizéiert. D’Julie Meynen ass do och ganz no drun. Hir feelt iwwer 50 Meter Crawl nëmmen nach 1 Honnertstel. Fir si war d’Auer bei der WM no 24 Sekonnen an 78 Honnertstel stoe bliwwen, wat déi 12. Plaz bedeit huet.

Vill Medaile goufen dëst Joer awer och bei de Spiller vun de klenge Länner am Montenegro gesammelt an och eng ganz Partie national Rekorder goufe gebrach.

Tennis

Sportretro 2019: Tennis / Reportage Franky Hippert

Am Tennis ass et dat 1. Joer no der Ära Gilles Muller. D’Dammen hunn am Fed Cup den Opstig an d’Europa-Afrika Grupp 1 gepackt. Am CNT zu Esch huet d’Ekipp vun der Kapitänin Anne Kremer bei der Première hei am Land, den Heemvirdeel genotzt.

D’Mandy Minella koum zu Roland Garros déi 1. Kéier an hirer Karriär an den 2. Tour am Haapttableau, wënnt den ITF-Tournoi zu Tyler an den USA an huet och hire Récktrëtt fir Enn 2020 ugekënnegt.

D’Eléonora Molinaro ass um Wee no uewen an huet 5 ITF-Tournoien an hire Palmarès kënne schreiwen.

Automobilsport

Sportretro 2019: Automobilsport / Reportage Rich Simon

Hei zu Lëtzebuerg goufen et an dësem Joer zwee grouss Rendez-vousen. Engersäits de Rallye du Luxembourg an anersäits d’Biergcourse zu Eschduerf.

Fir vill Lëtzebuerger Pilote respektiv Co-Piloten ass d’Rallye de Luxembourg den Highlight vun der Saison. An dofir gi sech dann och gutt a séier Autoe geléint. Fir de Johny Blom huet sech dat rentéiert. Als Co-Pilot vum Marjan Griebel konnt hien de Rallye de Luxembourg gewannen. De Guy Demuth gouf als beschte Lëtzebuerger den 3. bei der Biergcourse zu Eschduerf.

Op der internationaler Bün huet den Dylan Perreira 2019 grouss opgetrompt. Hien huet et nämlech fäerdeg bruecht, zwou Courssen am Porsche Super Cup ze gewannen. An der Formel 1 do ass dogéint alles beim Ale bliwwen. Mercedes huet op en Neits de Konstrukteurstitel gewonnen an de Lewis Hamilton ass fir d'6. Kéier an der Weltmeeschter an der Kinneksklass ginn.

Dann huet awer och nach ee ganz Groussen eis verlooss. Am Alter vu 70 Joer ass am Mee den 3-fache Formel-1-Weltmeeschter Niki Lauda gestuerwen.

Den Dylan Pereira
Den Dylan Pereira
© Arthur Thill

Aner grouss sportlech Leeschtungen

2019 goufen et och nach eng Partie aner grouss sportlech Leeschtungen, déi elo keng speziell Rubrik an der Sportretro um Radio haten, mä och déi sollen net vergiess ginn.

Bei der Weltmeeschterschaft am Fechten zu Budapest an Ungarn huet d’Lis Fautsch am Deegen mat 10:11 an der Véierelsfinall verluer. Fir d’Lëtzebuergerin eng batter Néierlag, well den Arbitter beim Stand vun 10:10 decidéiert hat, datt d’Lëtzebuergerin keen Treffer gesat hat. Duerch dës Decisioun gouf et keng Medail fir d’Lis Fautsch. Vu sech schwätze gedoen huet 2019 och de Flavio Giannotte. No enger laanger Verletzungspaus konnt hien am Mee bei engem Turnéier géint Nummer 1 vun der Welt, de Yannick Borel aus Frankräich gewannen a bei der Fecht-EM zu Düsseldorf ass eng gutt 14. Plaz erausgesprongen.

Gutt Resultater gouf et dëst Joer och am Reiden an dat duerch d’Charlotte Bettendorf an den Nicolas Wagner.

Back to Top
CIM LOGO