
Den Dawid Kubacki huet och dat 2. Sprangen zu Titisee-Neustadt gewonnen. De Pol huet sech ee spannend Duell géint de Japaner Ryoyu Kobayashi geleescht. Béid hunn um Enn, bei 283,30 Punkte fir de Kubacki an 283 Punkte fir de Kobayashi, just 0,30 Zieler getrennt.