
Nodeems déi däitsch Ekipp bei den éischten zwee Spréng vun der Saison net sou iwwerzeege konnt, ass et e Samschdeg déi éischt Victoire ze feiere ginn. Mam Constantin Schmid, Markus Eisenbichler, Stephan Leyhe a Karl Geiger sinn 1182 Punkten duergaange fir sech géint d’Konkurrenz duerchzesetzen.
Op déi zweet Plaz ass mat 1142 Punkten d’Ekipp aus Norwegen virun de Slowene komm, déi et mat 1125 Punkten als Drëtten op de Podium gepackt hunn.
E Sonndeg geet et ab 16:00 Auer weider mam Eenzel-Sprangen.