IOC annoncéiertCross-Country-Laf a Cyclocross net als nei Sportaarte bei Olympesche Wanterspiller 2030 dobäi

RTL Lëtzebuerg
Den Exekutive Board vum Internationalen Olympesche Comité (IOC) huet sech géint eng Opnam vu Cross-Country-Laf a Cyclocross bei den Olympesche Wanterspiller 2030 ausgeschwat.
"Et ass keng Plaz fir Summer-Sportaarten op de Wanterspiller", dat war déi kuerz a knapp Ausso vun der IOC-Presidentin Kirsty Coventry.

Déi lescht Méint ass dacks driwwer diskutéiert ginn: De Cross-Country-Laf an de Cyclocross goufen als eventuell nei Disziplinne fir d'Olympesch Wanterspiller 2030 proposéiert. Den Exekutive Board vum Internationalen Olympesche Comité huet awer elo en negativen Avis ginn, deemno wäerten an de franséischen Alpe keng Liichtathleten oder Cyclisten dobäi sinn.

Et ass effektiv sou, datt all Sportaarten bei de Wanterspiller op Schnéi oder op Äis musse praktizéiert ginn. Déi traditionell Wantersportaarten haten an den Diskussioune ronderëm de Cross-Country-Laf an de Cyclocross ëmmer nees betount, datt si géint Summer-Sportaarte bei de Wanterspiller wieren.

"Et ass keng Plaz fir Summer-Sportaarten bei de Wanterspiller", dat war déi kuerz a knapp Ausso vun der IOC-Presidentin Kirsty Coventry.

Wéi de geneeë de Programm fir 2030 a Frankräich wäert ausgesinn, dat gëtt een am Juni dëst Joer gewuer.

Back to Top
CIM LOGO