
E Sonndeg sollt zu Esch am Ellergronn den nationale Cross-Championnat ausgedroe ginn. D’FLA an den CA Fola, déi de Cross organiséiere sollten, hunn e Sonndeg de Moien awer d’Decisioun getraff, fir de Championnat net auszedroen. Wéini de Championnat nogeholl gëtt, ass nach net gewosst.