SportspressChristelle Diederich ass nei Vizepresidentin vun AIPS Europa

RTL Lëtzebuerg
Den europäesche Verband vun de Sportjournalisten huet domadder eng Vizepresidentin aus dem Grand-Duché.
Am Mäerz 2025 war déi deemools nei Presidentin vu sportspress.lu Christelle Diederich Invité am Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk".
© Rich Simon

Wéi d'Lëtzebuerger Sportspress matdeelt, gouf hir Presidentin Christelle Diederich beim AIPS-Kongress zu Lausanne an de Virstand vun der AIPS Europa gewielt. Si ass déi éischt Persoun aus dem Grand-Duché, déi an dësen europäesche Virstand kënnt an och aktuell déi eenzeg Fra an deem Gremium. Vun de méiglechen 42 Stëmme krut d'Christelle Diederich der 30. Nodeems d'Wiel duerch war, huet den neie President Marc Ventouillac proposéiert, fir d'Christelle Diderich zu der Vizepresidentin vum europäesche Gremium ze maachen, dat fir déi nächst véier Joer.

Beim Weltverband AIPS World gouf de Gianni Merlo um Poste vum President confirméiert.

D'Schreiwes vu sportspress.lu

Back to Top
CIM LOGO