Lescht Saison huet den 19 Joer jonke Lëtzebuerger am franséische Championnat 10 vun 12 Courssen als Rookie gewonnen. Wéinst dëse gudde Leeschtungen huet den Chester Kieffer et elo an den Talent Pool vum Porsche Sports Cup Däitschland gepackt. Nëmmen 8 Pilote gi pro Joer an dëse Fërderprogramm opgeholl, wou si perfekt encadréiert ginn. Si kënnen ënner anerem vum Coaching vum fréiere Porsche-Wierkspilot profitéieren, kréien divers Workshoppen a Medientraining proposéiert an nach vill aner Saachen. Dat ënnersträicht nach eemol Potential vum Chester Kieffer. Net nëmmen un en neit Championnat an un nei Circuite muss sech de Pilot vun Schumacher CLRT gewinnen, mee och un en neien Auto.
“Also natierlech dee gréisste Changement, dee mer elo hunn, ass den ABS, wat mer d’lescht Joer net haten. Dat heescht, op de Bremsen ass et e bëssen anescht wéi d’lescht Joer. Mir hunn och e bësse méi Aero, dat heescht e bësse méi Louveren, en anere Frontsplitter vir, och méi Entrées d’Airen hei um Capot. An dat mëscht dann d’Differenz schonn um Fuerstil an och wéi den Auto sech verhält op der Streck.”
Déi Ännerunge mierke Piloten och beim Fueren. Sie hu wesentlech méi Gripp. Den Chester Kieffer an och d’Ekipp befënnt sech aktuell awer nach an engem Léierprozess.
“All Dag, all Session léieren ech eppes bäi, wat ech da kann ëmsetzen an der nächster Session an et wäert ëmmer sou sinn. Dat heescht, du wäerts ni e perfekte Fuerstil fir den Auto hunn, mee et muss ëmmer bäiléieren.”
Bäiléieren ass e gutt Stéchwuert. Well nieft him an der Garage steet de Flynt Schuring. Eng Referenz am Porsche Cup. Den Hollänner huet lescht Saison 3 Courssen am Carrera Cup Däitschland gewonnen. Och wann deen éischte Géigner dacks aus der eegener Garage kënnt, schaffen d’Teamkollegen hei awer net individuell.
“Nee, nee, also mir schaffe schonn zesummen, wa mir d’Date kucken an alles, wou ee sech nach ka verbesseren an e puer Zéngtel gewanne goen op der Streck. Dat heescht, mir hu scho ganz vill Austausch no de Sessions.”
Nieft dem Porsche Carrera Cup Däitschland geet den Chester Kieffer dës Saison och am Porsche Supercup un den Depart, deen eng grouss Opmierksamkeet huet. Coursse ginn nämlech am Kader vun engem Formel 1 Weekend gefuer. Net nëmmen dowéinst hunn dës Coursse fir déi jonk Piloten en héijen Stellewäert, ma och well sech hei d’Elite vun de Porsche-Championnater trëfft. Den Optakt ass e Circuit, op deem een net trainéiere kann. An zwar, zu Monaco.
“Et gi keng Méiglechkeeten ausser op Simulator se ze fueren, mee a Wierklechkeet hues de keng Méiglechkeet, sou ee spezifesche Circuit ze fueren. An dat heescht, och am Supercup hu mer just eng Practice Session an dann no der Practice Session geet et direkt an d’Quali. Dat heescht, do ass nach net vill Zäit fir ze debriefen. Du kënns do un, muss direkt fueren. Nervös sinn ech lo net, mee ech si ganz opgereegt fir endlech do kënnen ze fueren.”
Wéi den Chester Kieffer sech am Porsche Carrera Cup Däitschland aus der Affär zitt, kënnt Dir bei eis op RTL.lu noliesen an de Supercup, deen iwwerdroe mer live.