
Um Sonndeg konnt sech d’Charlotte Bettendorf a Spuenien géint 35 Géigner duerchsetzen. Mat hirem Päerd Iris van de Bisschop konnt d’Lëtzebuergerin am Stiechen och ee feelerfräie Rëtt presentéieren a war um Enn 2 Sekonne méi séier wéi hir Géignerin.
Duerch eng drëtte Plaz um Freideg konnt d’Charlotte Bettendorf insgesamt 90 Punkte fir d’Weltranglëscht sammelen.