Bei den Damme geet den Titel op en Neits un d'Sarah de Nutte. An der Finall konnt si sech mat 4-2 géint d'Tessy Gonderinger duerchsetzen. Et ass schonns dee 9. Championstitel fir d'Sarah de Nutte.

Bei den Häre konnt sech den Eric Glod mat enger 4-2 Victoire géint de Luka Mladenovic den Titel sécheren. Fir den Eric Glod ass et deen zweeten Titel.
