Den CAD ass e Samschdeg senger Favoritteroll bei der Coupe des Dames gerecht ginn. Fir d'4. Kéier noeneen huet sech de Veräin aus der Forge du Sud den Titel geséchert. Mat engem Réckstand vun 237 Punkte war déi zweete Plaz fir den CSL. Um Podium stoung nach den CAB mat engem Minus vun 789 Punkten.
E Sonndeg ass dann d’Coupe du Prince och zu Diddeleng. Hei start den CA Bieles als Titelverdeedeger.