
Den englesche Veräin huet de Stiermer e Méindeg op sengem 17. Gebuertsdag offiziell virgestallt. D’Durée vum Kontrakt an de Montant u Suen, deen de Club vun der Insel u Metz iwwerweist, goufen net bekannt ginn. Verschidden international Medien haten d’lescht Woch gemellt, datt de Brian Madjo fir 12 Milliounen Euro bei Aston Villa wiesselt an e Kontrakt vu 5 Joer géing ënnerschreiwen.