VëlossportBob Jungels: "Succès an der Vuelta ass en Zil"

RTL Lëtzebuerg
No Etappe-Victoiren am Tour de France an am Giro feelt nach e Succès an der Vuelta.
© AFP (Archiv)

De Bob Jungels fiert zanter Joren op deem héchsten Niveau am Vëlossport a war d’lescht Woch fir déi 3. Kéier a senger Karriär am Tour duerch Katalounien dobäi. D’Ekipp Ines - Grenadiers konnt zwou Etappe gewannen. De Lëtzebuerger Coureur huet op der leschter Etapp opginn a preparéiert sech lo op Teneriffa op den Giro d’Italia vir. Am Kader vum Tour duerch Katalounien huet de Profi-Sportler sech Zäit geholl a stoung dem Chrëscht Beneké Ried an Äntwert, kuckt op seng Roll an der Ekipp, schwätzt vum Niveau vum Vëlossport am Allgemengen a freet sech, datt jonk Lëtzebuerger de Wee an d’World Tour fannen.

Bob Jungels: "Succès an der Vuelta ass en Zil"
No Etappe-Victoiren am Tour de France an am Giro feelt nach e Succès an der Vuelta.

Back to Top
CIM LOGO