Liichtathletik: BommstoussenBob Bertemes verpasst Lëtzebuerger Rekord ëm 1 Zentimeter

RTL Lëtzebuerg
Beim nationale Championnat zu Schëffleng sinn dem Lëtzebuerger 21,28 Meter am Bommstoussen net duergaange fir en neien nationale Rekord.
Championnat an der Liichtathletik
Eng gutt Leeschtung vum Bob Bertemes, ma den nationale Rekord gouf ëm 1 Zentimeter verpasst.

Am Bommstoussen huet de 26 Joer ale Lëtzebuerger beim nationale Championnat e Samschdeg en neie nationale Rekord knapps verpasst. Mat 21,28 Meter ass den Athlet vum CA Bieles nëmmen 1 Zentimeter ënnert sengem eegene Lëtzebuerger Rekord bliwwen. Den Titel huet hie sech awer haushéich geséchert.

Virun engem Mount konnt sech de Bob Bertemes mat enger Distanz vun 21,29 Meter fir d’Olympesch Spiller 2020 zu Tokio qualifizéieren.

D'Resultater vum nationale Championnat 2019

Back to Top
CIM LOGO