LiichtathletikBob Bertemes: Titelverdeedeger iwwer 3.000 Meter

RTL Lëtzebuerg
Bei den Damme goung den Titel iwwer 3.000 Meter un d'Saskia Daguenet vum CSL.
Bob Bertemes verdeedegt säin Titel iwwwer 3000 Meter
Bei den Damme goung den Titel iwwer 3.000 Meter un d’Saskia Daguenet vum CSL.

Neien Indor-Champion iwwer d’Distanz vun den 3.000 Meter bei den Häre gouf de Bob Bertmes vum Celtic. Domat huet de Leefer vun Dikrech säin Titel vun zejoert e Samschdeg an der Coque verdeedegt. Op d’Plazen 2 an 3 koumen de Pol Mellina op bal 4 Sekonne respektiv den Tim Thull op iwwer 20 Sekonnen, allebéid och vum Celtic Dikrech.

Bei den Damme war d’Virjoresgewënnerin Vera Hoffmann net um Depart. Déi beschte Lëtzebuergerin no de 15 Ronne Course war um Enn d’Saskia Daguenet vum CSL. Si konnt sech virun der Margaux Bruls vum CSL an der Anny Wolter vun der Fola op de Plazen 2 an 3 behaapten.

© Bern Thill

PDF: D'Resultater vum Regio 2 am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO