
E Sonndeg gouf zu Rodange deen éischte Cross-Country vun der Saison gelaf. Hei konnt de Christian Molitor seng Victoire vun zejoert net widderhuelen. Et war nämlech säi Club-Komerod vum Celtic de Bob Bertemes, deen de Séierste bei den Häre war. No de 6.500 Meter hat hien e Virsprong vun 9 Sekonnen op den Zweeten de Max Lallemang. Um Podium stoung nach de Christian Molitor mat engem Retard vun enger Minutt an 2 Sekonnen.
Bei den Dammen huet sech no 4.030 Meter d’Ethiopierin Tekuam Bisetegn d’Victoire geséchert. Op déi 2. Plaz ass d’Anny Wolter gelaf. Si hat als bescht Lëtzebuergerin e Retard vun 32 Sekonnen. Als Drëtt ass d’Liz Weiler ukomm.