
En Donneschdeg war zu Pokljuka a Slowenien fir d’éischte Kéier e Weltcup am Biathlon. Am Eenzel goung et iwwer 20 Kilometer an hei war de Johannes Thignes Bö, no sengem Retour aus der Baby-Paus - den Norweger gouf Papp an huet de Biathlon zu Ruhpolding ausgelooss - nees mat dobäi an direkt nees an der Favoritte-Roll.
Um Enn huet den Norweger dann och näischt am Duell géint de stäerkste Konkurrent, de Fransous Martin Fourcade, ubrenne gelooss - hien hat e Virsprong vu bal 12 Sekonnen. De Podium completéiert huet en anere Fransous, de Fabien Claude, hien hat ee Réckstand vun iwwer 25 Sekonnen.
De Weltcup-Ranking bei den Hären am Biathlon gëtt iwwerdeems weider vum Martine Fourcade ugefouert. De Fransous huet eng agreabel Avance.