
Hei kritt den HC Bierchem et mam den Hollänner vu Drenth Groep Hurry-up ze dinn an den HB Diddeleng muss géint d'Tierke vu Spor Toto SK untrieden. D'Allersmatcher ginn den 10. an 11. September gespillt, d'Retourmatcher sinn déi Woch drop.
De kompletten Iwwerbléck vun den HärenHC Linz AG (AUT) vs RK Izvidac (BIH)
Bei den Damme spillt den Doublé-Gewënner Käerjeng am EHF-Cup géint d'Portugisesch Ekipp vun Alavarium Love Tiles. Den HB Diddeleng muss géint déi éisträichesch Ekipp vun WAT Atzgersdorf untrieden.
Déi éischt Matcher vun dësem Tour, der zweeter Ronn, si geplangt um Weekend vum 8. an 9. Oktober, den Retour ass dann eng Woch méi spéit.