
Fir déi Erwuesse gi genee wéi dat leschte Joer nees 4 Strecken ugebueden, déi vun 13 bis 34 Kilometer ginn. Do dernieft sinn nach zwou Coursse fir Kanner.
D’Organisateure rechne mat ronn 4.000 Leefer, déi mat derbäi wäerte sinn.
Nei ass dëst Joer eng Course, wou d’Leit mat hiren Hënn kënnen un den Depart goen.
5 Euro kascht et, fir mat sengem Hond um Urban Trail matzemaachen. Déi Sue ginn integral un en Déierenasyl.