Biathlon-WM a SchwedenAm Sprint bei den Damme geet den Titel un d'Anastasiya Kuzmina

RTL Lëtzebuerg
D'Slowakin ka sech op der 7,5km-Streck géint d'Norwegerin Ingrid Landmark Tandrevold behaapten. Bronze ass fir d'Laura Dahlmeier aus Däitschland.
© AFP

Déi 7-fach Weltmeeschterin Laura Dahlmeier hat um Enn 12,6 Sekonne Réckstand op d’Kuzmina. D’Slowakin huet d’Streck an 22:17,5 Minutte gemeeschtert. Et ass den éischte Eenzel-WM-Titel fir d’Kuzmina. D’Ingrid Landmark Tandrevold war 9,7 Sekonne méi lues wéi d’Gewënnerin.

Back to Top
CIM LOGO