Liichtathletik5 Lëtzebuerger waren op der Cross-Country-EM mat um Depart

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg gouf zu Lissabon d'EM am Cross Country ausgedroen. D'Vera Hoffmann an de Bob Bertemes kommen op déi 44. respektiv 77. Plaz.
© FLA / Facebook

Zu Lissabon a Portugal waren um Sonndeg d’Europameeschterschaft am Cross Country wou och e puer Lëtzebuerger mat um Depart waren.

Bei den Hären kënnt de Bob Bertemes mat engem Retard vu 4 Minutten a 55 Sekonnen op déi 77. Plaz. Gewonnen gouf d’Course vum Schwed Robel Fsiha.

Bei den Dammen hat d’Vera Hoffmann e Retard vun 3 Minutten an 42 Sekonnen a klasséiert sech domadder op der 44. Plaz. D’Gewënnerin kënnt aus der Tierkei an heescht Yasemin Can.

Bei den U20 vun den Hären klasséieren sech den Tim Thull an de Gil Weicherding als 83. an 90.. De jonken a bekannten Norweger vun der Pist, Jakob Ingebrigtsen, konnt sech an dëser Course d’Kroun opsetzen.

Eng 89. Plaz gouf et fir d’Margaux Bruls bei den U20 vun den Dammen.

Back to Top
CIM LOGO