Schi-Alpin3. Succès hannerenee fir Dominik Paris op der Descente vu Bormio

RTL Lëtzebuerg
Op Plazen 2 an 3 koumen de Beat Feuz aus der Schwäiz souwéi de Matthias Mayer aus Éisträich. Fir den Italiener war et den insgesamt 4. Erfolleg zu Bormio.
© AFP

Den Erfolleg vum Dominik Paris e Freideg op der Stelvio, der Descente vu Bormio, war no 2017 an 2018 fir déi 3. Kéier hannereneen an déi 4. insgesamt. Den Italiener aus Südtiroul huet der Konkurrenz op senger Liiblingspist keng Chance gelooss. Mat 1:49,56 Minutte war hie 0,39 Sekonne méi séier wéi den Zweetplacéierte Beat Feuz aus der Schwäiz. Rang 3 goung un den Éisträicher Matthias Mayer.

Back to Top
CIM LOGO