WM am Aquathlon2. Plaz fir d'Eva Daniëls bei de Juniorinnen

RTL Lëtzebuerg
Den Oliver Gorges ass bei der Aquathlon-WM zu Pontevedra a Spuenien bei der U23 de gudde 4. ginn.
© FLTRI

En Donneschdeg ware mam Eva Daniëls a mam Oliver Gorges zwee Lëtzebuerger bei der WM-Aquathlon zu Pontevedra a Spuenien am Asaz. Um Programm stoungen am Ganzen 1000 Meter Schwammen a 5000 Meter Lafen.

Vum Eva Daniëls gouf et eng weider excellent Leeschtung. Déi jonk Lëtzebuergerin ass déi 2. bei de Juniorinne ginn an déi 5. an der ganzer Course mat der Elite zesummen. D’Daniëls war nëmme 26 Sekonnen hannert der Gewënnerin bei der Elite, d’Polin Ulatowka. D’Victoire bei de Juniorinnen huet d’Lëtzebuergerin ëm 3 Sekonne verpasst.

Fir den Oliver Gorges war et um Enn déi 4. Plaz bei der U23 an ënnert all de Kategorien ass déi 18. Plaz erausgesprongen. Neie Weltmeeschter bei der Elite gouf de Pevtsov Rostislav aus dem Aserbaidschan. De Gorges hat e Retard vun 1 Minutt a 45 Sekonnen op de Gewënner.

Back to Top
CIM LOGO